Den Ama Bend

Den Ama Bend

Montag, 7. Januar 2008

D' Opleisung

Den Ama as sou onerwardt "verschwonnen", nët well hien gestuerwen as, mee well hien och an eng Trottoirsplack verwandelt gouf! Elo as hien endlech rëm bei sengem Jong!

Freitag, 4. Januar 2008

Den Ama as doud!

Den 4ten Januar 2008 um 23.27 Auer as den Ama Bend gestuerwen. Hien haat sech ëmmer en heldenhaften Doud gewënscht, mee leider as hien weinst engem depressiven Zoustand vun sengem Erfinder gestuerwen. Ët gët weder Staatstrauer, nach eng grouß Ofschlossfeier vun sengen Fans, jo nët emol en Begiefnis fir den Ama. An daat alles as engem Meedchen seng Schold, daat den Ama mol wahrscheinlech guer nët kannt huet.

Mee villaicht gët ët jo irgendwann nach emol Hoffnung fir all d' Fans vum Ama: Villaicht steht hien jo nach emol vun denen Doudegen op, oder villaicht haat hien en Kand, vun dem Keen eppes woust!

Ama, ët war eng schein Zait mat dir. Mir all soen dir Merci fir Alles waats du fir eis gemach hues.

EDDI AMA.

Mittwoch, 13. Juni 2007

Intro

Wien den Ama nach net kennt, hei eng kleng Intro:

Den Ama Bend (96 Joer aal) ass an den USA baal sou bekannt wei denJean-Claude Juncker zu Lëtzëbuerg. Hien reest zu Fous (an ouni Schong!) duerch New York an sicht no der Wourecht. No der richteger Wourecht!Sein Jong ass nämlech virun 50 Joer verschwonn an d’ Autoriteiten hun gesoot, hien wier vun engem Drogenofhängegen erschoss ginn. Den Ama gleeft daat nët, hien mengt sein Jong wär vun Ausserirdeschen an eng Trottoirsplack verwandelt ginn. Nëmmen wann hien sein verwandelten Jong geif mat den Feis bereieren, geif deen rëm als Jong erscheinen!Eng ganz Rei Anhänger hunn sech him schon ugeschloss an verschidden chrëschtlech Gruppen hunn gefuerdert, et soll en hien helleg spriechen!Hien huet elo schon CDen erausbruecht (z.B. „Why are you so grey?“ an „My feet are hurting”) an hien haat schon oft Fernsehoptrëtter (virun allem den 1. Abrëll).

Donnerstag, 24. Mai 2007

Dem Ama seng nei Schong

2006 huet den Ama sech nei Schong kaaft. Daat wor en symboleschen Akt, den den Ausserirdeschen sollt kloer maachen, dass seng Gedold um Enn ass. Hien huet d' Schong awer nach nie ugedoen, well hien soss geingt sein Credo verstoussen geif. D' Schong huet hien an enger Vitrine ausgestallt an all 4ten Daach am Mount dierfen d Pilger seng nei Schong kussen.

Biographie

Hei emol dem Ama sein Liewenslaaw am Résumé

1911: Den Ama gëtt als Jong vun engem Chef vun enger krimineller Band an enger Virstadt vun New York gebuer.

1912: Dem Ama Bend sein Papp gëtt erschoss. D' Famill muss ouni Akommen auskommen. Mee dem Ama seng Mamm hofft ob en Milliounengewënn an enger Lotterie.

1913: Dem Ama seng Mamm huet ëmmer nach naicht gewonn. Seng älsten Bridder brengen heiansdo e bëssen Geld vun Iwwerfäll matt heem.

1916: Den Ama Bend gëtt bei engem Iwwerfall op een Geldransporter erwëscht.

1916: Den Ama Bend kritt eng Prisongstroof vun 10 Joer.

1926: Den Ama gëtt aus dem Prisong entloos

1927: Den Ama Bend mecht sein 1. Mord ... an hien gëtt dobai erwëscht.

1927: Den Ama Bend gëtt zu enger liewenslänglëcher Prisongstroof veruerteelt.

1940: Den Ama brecht aus dem Prisong aus.

1941: Dem Ama seng Frendin kritt een Jong.

1943: Den Ama Bend gëtt verhafft an rëm an den Prisong gespaart.

1957: Dem Ama sein Jong verschwënnt. Offiziel ass hien vun engem Drogenofhängegen ëmbruecht ginn. Den Ama gleeft daat awer nët.

1958: Den Ama brengt sein Buch eraus, an deem hien erklärt, dass sein Jong nët embruecht mee verwandelt ginn ass.

1959: Den Prisong ass iwwerfëllt an d Police leist e puer Leit frai. (Daat woren nach Zaiten...) Den Ama ass och derbai.

1960-1970: Den Ama geet ouni Schong duerch New York.

1971: Den Ama Bend kritt Besuch vum Jean-Claude Jvncker.

1999: Den Ama brengt seng 1. CD eraus.

2000: Den Ama veröffentlecht seng 1. Biller.

2001: Den Ama kritt nach emol Besuch vum Jean-Claude Jvncker.

2002: Den Ama brengt seng 2. CD eraus.

2003: Den Ama fällt eng eischten Keier... an en steht erem op!

2004: Den Ama grënnt seng eegen Sekte.

2005: Den Ama fällt eng 2. Keier...an en steht ërem op!

2006: Den Ama keeft sech nei Schong. (Kuckt dozou och den Punkt: "Dem Ama seng nei Schong")

2007: Den Ama gëtt och endlech zu Lützelburg berühmt.

Mittwoch, 23. Mai 2007

Ama Bens Fangemeinde enttäuscht

Den Ama ass nach ëmmër nët helleg gesprach gin. Hei en Auszuch aus engem Zeitungsartikel:

Ama Bends Fangemeinde enttäuscht
Alle hatten darauf gehofft, dass der Papst nach seinem Besuch in Brasilien noch einen kleinen Abstecher nach New York machen würde und Ama Bend heilig sprechen würde. Dieser Wunsch blieb jedoch nur ein Traum. (...)Ama Bends Denken ist der Kirche wahrscheinlich zu fortschrittlich.

Natierlech hofft jidderen, dass d Kierch awer nach irgend emol ageseit, dass den Ama en Held ass!